
© Youtube Screenshot
Dëse Song dierft alle User vun der Video-Plattform nawell bekannt vir kommen.
Fakten
Déi 19 Joer al Sängerin Mae Stephens ass eigentlech nach zimmlech nei an der Musekszeen mat dobäi. Bis elo huet hat och réischt 3 Lidder erausbruecht, eent dovunner ass déi ganz aktuell Single "If We Ever Broke Up". Dës Single dierft dann och zimmlech ville Leit bekannt virkommen. Säit Méint ass d'Single op TikTok ënnerwee an ass doduerch och international viral gaangen. D'Single huet definitiv Hit-Potenzial a bléift no e puer Sekonnen direkt am Ouer hänken.
Aussergewéinleches
D'Single "If We Ever Broke Up" huet een déi lescht Méint op de soziale Medien iwwerall héieren. Bis den 10. Februar war dëst allerdéngs just ee Snippet vun der Single. Elo huet d'Mae Stephens dës Single dann och endlech als komplett Versioun released. D'Single ass komplett viral gaangen an huet der Sängerin déi bis elo nach kee Label hat och endlech ee Kontrakt mat enger Plackefirma besuergt.
Fréier Hits
Bis elo huet déi jonk Musekerin eréischt 2 Lidder erausbruecht gehat. Duerch säi Kontakt mam Label wäert awer lo an Zukunft nach weider Musek vum Mae Stepehens op de Marché kommen.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Emei, Denvon Cole, Maisie Peters