
Déi amerikanesch Sängerin Lizzo huet eng nei Versioun vu sengem Lidd "Special" released.
Fakten:
Déi US-amerikanesch Sängerin Lizzo huet mat "Special" zesumme mam SZA eng Single released, déi deene meeschte Fans vun der Musekerin warscheinlech bekannt vir komm ass. Dës Single war nämlech schonn um Lizzo sengem aktuellen Album mat drop. Deemools allerdéngs nach net mam SZA. Bei de Grammys huet d'Lizzo dann och de Präis fir déi beschte Single mam Track "About Damn Time" gewonnen.
Aussergewéinleches:
D'Sängerin a Rapperin vu Minneapolis modelt niewebäi fir Plus-Size Labels an engagéiert sech fir di gläichgeschlechtlech Léift. Alles mam Hannergrond, d'Mënschen doran ze stäerken si selwer ze sinn. Well Musek a Modelen eleng him net duer ginn, produzéiert d'Lizzo ausserdeem d'Online-Serie “Big Girls Small World“.
Fréier Hits:
Am Joer 2014 huet d'Lizzo dann säin éischten Album "Lizzobangers" released. Säi groussen internationalen Duerchbroch hat d'Sängerin allerdéngs réischt bësse méi spéit mat sengem Lidd "Good As Hell" zesumme mam Ariana Grande. Awer och "Rumors" zesumme mam Cardi B war ee vum Lizzo senge gréissten Hits bis elo.
Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Cardi B, Normani, Megan Thee Stallion