Haut presentéiere mir iech déi nei Kollaboratioun "Saturday/Sunday" vum Jason Derulo an David Guetta!

Fakten:
"Et ass groussaarteg dës Kollaboratioun erauszebréngen. Ech hunn de Song esougär an et ass einfach e Banger. Donieft sinn ech esou frou endlech erëm mam Jason kënnen zesummenzeschaffen", seet den David Guetta. De mëttlerweil 55-Järegen ass aktuell jo nach mat senger Bebe-Rexha-Kollabo "I'm Good (Blue)" weltwäit ganz vir bäi. Elo ass da schonn deen nächsten Hit pret. "Saturday/Sunday" ass eng House-Pop-Hymne déi een direkt un der Hand hëlt a mat op den Dancefloor rappt. Wéi meeschtens beim Jason Derulo ass et dann och kee Wonner, dass et am Text mat Zeilen ewéi "Wake up in my t-shirt again / Just so I can take it off" just ëm déi eng Saach geet.

Aussergewéinleches:
"Saturday/Sunday" ass nom 2018er-Release "Goodbye" schonn déi zweet Kollaboratioun vun deenen zwee Hit-Garanten. Deemools haten den David Guetta an den Jason Derulo mam Nicky Minaj a Willy William zesummegeschafft. "Et ass schéin erëm am selwechten Team ze sinn, eisen neien Track ass pret fir de Summer", esou den Jason Derulo.

Fréier Hits:
Vu senge fréie Releases ewéi "Love don't let me go" oder "Memories", iwwert seng etlech Kollaboratioune mam Sia ("Titanium", "Flames" oder "Floating Through Space") bis hin zu sengen aktuellen Tracks ewéi "Living Without You (feat. Sigala, Sam Ryder)", "Damn (You've Got Me Saying) (feat. Sigala, MNEK)" oder "I'm Good (Blue) (feat. Bebe Rexha)" gëtt et beim David Guetta eigentlech keen Track dee keen Hit ass. Dat selwecht gëlt fir den Jason Derulo. Zu senge gréissten Erfolleger zielen ënnert anerem "Watcha Say", "Talk Dirty" oder "Savage Love".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Sigala, Calvin Harris, Tiësto & Jonas Blue