Haut presentéiere mir iech déi nei Kollaboratioun "Whistle" vum Jax Jones a Calum Scott!

Fakten: 
Mat "Whistle" bréngen de Londoner DJ a Produzent an de "Britain's-Got-Talent"-Participant hiren éischte Release fir dëst Joer eraus. 2023 géif e grousst Joer fir hie ginn a "Whistle" wier de Start dovun, esou den Jax Jones. Hien ass dann och glécklech mam Calum kënnen zesummenzeschaffen, seng Vocals wieren aussergewéinlech a géifen esou vill Klass an Emotioun mat sech bréngen. Vum Calum Scott sengem enormen Talent kënnt dir iech de 7. an 8. Abrëll och hei zu Lëtzebuerg am Atelier iwwerzeegen. Ticketen kritt an eiser Eldo-Ticketbourse oder op atelier.lu.

Aussergewéinleches:
Mat dësem Track gëtt den Jax Jones zimmlech nostalgesch a geet esouwuel musikalesch ewéi thematesch bis bei d'Ufäng vu senger Karriär gruewen. Och am Musek-Video sinn e puer Hommagen u seng Vergaangenheet ze gesinn. Dëse gouf zum Beispill an de Londoner Buslinnen 176 an 363 gefilmt, déi den Jax fréier ëmmer geholl huet, fir a seng Museks-Coursen ze kommen, oder fir senger Mamm beim akafen ze hëllefen.

Fréier Hits:
Den Jax Jones ass am Fong mat Jazz, Gospel an Afrobeat opgewuess. Seng Karriär huet hien als Hiphop-Produzent ugefaangen. Réicht wéi hien 2014 den House-DJ Duke Dumont getraff huet, ass hien op de Goût vun elektronescher Musek komm. Zu sengen erfollegräichste Produktiounen zielen "Yeah Yeah Yeah" oder "You Don't Know Me".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Joel Corry, Sigala, Regard & Jonas Blue