
© Youtube Screenshot
Den däitschen DJ a Produzent Robin Schulz ass bekannt fir seng Hits. Elo ass hien zeréck mat senger neister Single "Sweet Goodybe".
Fakten:
Den däitschen DJ Robin Schulz ass definitiv ee vun deene bekanntsten DJ am Moment op der Welt. Och wann de Robin Schulz fir seng EDM-Tracks bekannt ass, kann hien och mol bësse méi poppeg Saachen erausbréngen. A genee esou eng Single ass säin neien Track "Sweet Goodbye" an der et dovunner geet, dass de Museker dem Dag Äddi seet a sech prett fir d'Nuecht mécht. De Song passt perfekt fir d'Fréijoer an d'Mëschung tëschent de Strophen an dem Refrain maachen aus dësem Lidd einfach eng gutt-Laun Hymne.
Aussergewéinleches:
De Robin Schulz huet ënnert dem Numm "Mentalo Music" säin eegene Label gegrënnt. Domat geet fir hien een Dram an Erfëllung. "Oxygen" ass déi éischt Verëffentlechung um Label. Do wëllt den däitsche Produzent awer net seng eege Musek eraus bréngen, mee och Newcomer ënner Kontrakt huelen.
Fréier Hits:
De Robin Schulz ass mat senger Versioun vum Mr. Probz Song "Waves" bekannt ginn. Duerno ass "Prayer in C" feat. Lilly Wood & The Prick eraus komm. A leschter Zäit hat e mam David Guetta en Hit "Shed A Light", wéi och mam James Blunt "Ok", oder vru kuerzem mam Harloe den Hit "All this Love". Awer och säin Album "Sugar" aus dem Joer 2015 ass voll mat Hits an huet hien op déi ganz grouss Bünen op der Welt bruecht.
Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Felix Jaehn, Sam Feldt, Lost Frequencies