Den däitsche Museker huet mat "Sie" eng Single erausbruecht, déi rëm bëssen no sengem Ursprong kléngt.

Fakten:

Den 33 Joer ale Museker Cro huet am Joer 2012 säin éischten Album released, mat dem hien et direkt bis ganz no uewen an d'Charts gepackt huet. Nodeems de Rapper mat senge leschten Albumen éischter méi elektronesch an Trap Sounds mat dran hat, ass hien elo zeréck mat enger neier Single déi rëm méi wéi fréier kléngt. "Sie" ass dann och eigentlech keen esou ganz neien Track. Eigentlech war dëse scho wärend den Aarbechten um Album "Tru" am Joer 2017 entstanen. Dësen Track passt och bei dat aktuellt gutt Wieder a kéint och am Summer erauskomm sinn.

Aussergewéinleches:

Seng Mask huet de Cro als Schutz, fir sech – dann ouni Mask – onerkannt an der Ëffentlechkeet ze bewegen. "Ech lafen duerch d'Stroossen a ginn (ouni Mask) null erkannt. Dat ass gutt fir mäi Charakter. Wann ech d'Mask net hätt, da wier ech anescht mat frieme Mënschen. Dann hätt ech warscheinlech Starallüren."

Fréier Hits:

Mat der Single "Easy" gouf de Cro 2012 bekannt. Deemools war hien och um Food For Your Senses Festival zu Tënten opgetrueden. Dono hat hien mat der 2. Single "Du" ee weideren Hit. Den Debutalbum "RAOP" huet sech méi wéi eng Millioun mol verkaf. Och den 2. Album war erfollegräich mat Singele wéi "Traum" an "Hey Girl".

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Marteria, Sido, Peter Fox