
© Youtube Screenshot
Haut stelle mer dem iresche Sänger Niall Horan seng neiste Single "Heaven" vir.
Fakten:
Berüümt ass de Niall Horan mat der Band One Direction ginn. Elo bréngt den iresche Museker geschwënn säin drëtte Solo-Album eraus. Vun dësem ass dann och lo d'Singleauskopplung "Heaven" erauskomm. D'Single soll d'Individualitéit vum Museker sengem Publikum rëmspigelen. Jidderee soll duerch dës Single säin eegene Wee fannen. Am Refrain vun "Heaven" geet et dorëms dass d'Liewe liewenswäert ass an een sech net vu baussen dëse Flow soll futti maache loossen.
Aussergewéinleches:
Am Joer 2010 ass den Niall Horan mat der Boyband "One Direction" weltbekannt ginn. Nodeems d'Band säit 2016 keng Concerte gespillt hunn an och keng nei Musek released hunn. Kuerz drop huet de Niall Horan dann och seng éischt Solo-Single released gehat. "This Town" koum am September 2016 op de Marché an huet dem Museker ënnert anerem de "People's Choice Award" abruecht. Dës weidere stoung de Niall Horan och a ville Länner mat senger Musek wäit uewen an den Charts.
Fréier Hits:
Zum Niall Horan senge groussen Hits gehéiere Lidder wéi "This Town" oder och "Slow Hands" déi um Museker sengem éischte Solo-Album "Flicker" mat drop waren. 2020 huet de Museker säi leschten Album "Heartbreak Weather" released gehat, op dem d'Single "Put A Little Love On Me" bei de Fans och immens gutt ukomm war.
Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Gavin James, Calum Scott, Liam Payne