Déi schwedesch Sängerin Tove Lo ass zeréck mat senger éischter Single fir dëst Joer.

Fakten:

Déi schwedesch Musekerin huet 4 Méint no sengem leschten Album lo seng neiste Single "Borderline" erausbruecht. Dëse Song huet d'Tove Lo zesumme mam Dua Lipa geschriwwen. Dëst Lidd wier och déi éischte Kéier dass déi zou Sängerinnen zesummegeschafft hätten an et wier direkt eng gutt Frëndschaft entstanen.

Aussergewéinleches:

Déi schwedesch Musekerin Tove Lo huet am Joer 2006 ugefaange selwer Musek ze schreiwen. Nodeems hat a ville Bistroe live gespillt huet, huet seng Karriär dann och direkt esou richteg ugefaangen. Viru kuerzem huet d’Musekerin elo mat sengem neien an aktuellen Album "Dirt Femme" säi fënnefte Studioalbum erausbruecht. De Sound vum Album ass eigentlech typesch fir d’Sängerin rëm zimmlech eegen an eng Mëschung tëschent klasseschem Pop a bësse méi däischteren Téin.

Fréier Hits:

Dem Tove Lo säi bekanntsten Album ass bis elo "Queen of the clouds" aus dem Joer 2014. Op dësem Longplayer waren dann och d'Hitlidder "Habits", "Talking Body" an "Stay High" mat drop gewiescht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Lana Del Ray, Dua Lipa, Adele