De franséichen House-Duo huet sech fir hir nei Single "Body Talk" mat der schwedecher Sängerin SVEA zesummegedoen.

Fakten

De franséischen Deep-House-Duo Ofenbach huet an de leschte Jore mat Hits wéi "Head Shoulders Knees & Toes"  oder "Wasted Love"- d'Charts gestiermt. Elo sinn di 2 Museker zréck mat der neier Nummer "Body Talk". De Song ass zesumme mat der schwedescher Sängerin SVEA entstanen, déi an hirem jonken Alter schonn op Spotify iwwer 100 Millioune Streams huet. An der Single geet et dorëms dass heiansdo tëschent zwee Mënschen einfach mat Wieder alles gesot ginn ass an lo einfach just nach d'Kierper matenee schwätzen. Hei ass also de Startschoss fir eng zimmlech leidenschaftlech Nuecht.

Aussergewéinleches

Ofenbach setzt sech aus de Produzente Cesar Laurent de Rummel an Dorian Lauduique zesummen. Di 2 sinn zanter hirer Kandheet befrënnt an hu Mëtt vun den 2000er ugefaangen, zesumme Musek ze produzéieren. Ugefaangen hu si mat Rock a Blues, elo sinn si am Beräich Electro-Pop an House gelant.

Fréier Hits

De franséische Produzenten-Duo huet sech mat sengem Sound net just a Frankräich een Numm gemaach.  “Be Mine“ war 2017 hiren éischte groussen Hit, dono koum mat "Katchi" eng weider grouss Single. Enn 2018 haten Ofenbach mat "Paradise" zesumme mam Benjamin Ingrosso ee weideren Hit. Am Joer 2022 war dann awer d'Single "Wasted Love" ee vun de Summerhits deen si zesumme mam Lagique erausbruecht haten.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Jax Jones, Kungs, Feder