
Den australesche Singer a Songwriter huet seng neiste Single "I Guess It's Love" erausbruecht.
Fakten:
Den 19 Joer alen australesche Museker a Rapper The Kid Laroi huet a sengem jonken Alter schonn déi eng oder aner Hit Single op de Marché bruecht. Elo ass hien dann awer zeréck mat sengem neiste Song "I Guess It's Love". De Song ass een typeschen The Kid Laroi Song deen eng mega catchy Hook als Refrain huet. D'Single wäert dann och um neien Album vum Museker mat drop sinn dee mam Numm "Kids Are Growing Up" wäert erauskommen. Wéini ass nach net gewosst.
Aussergewéinleches:
The Kid Laroi ass a sengem ganz jonken Alter schonn ee richtege Superstar a spéitstens duerch seng Single "Stay" zesumme mam Justin Bieber huet hie gewisen dass hien op dei ganz grouss Büne vun dëser Welt gehéiert.
Fréier Hits:
De jonke Museker ass duerch Lidder wéi "Whithout You" bekannt ginn. Säi ganz groussen Duerchbroch hat den Australier awer mat senger Single "Stay" zesumme mam Justin Bieber. Mat dëser stoung hien och esou zimmlech op der ganzer Welt un der Spëtzt vun den Charts.
Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Polo G, Scorey, 24K Goldn