
© Frazer Harrison / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Déi dräi Bridder hu mat der Single "Wings" ee weideren Track vun hirem nächsten Album released.
Fakten:
Viru ronn 3 Wochen haten déi dräi Jonas-Bridder ugekënnegt, dass si den 12. Mee hiren neien Album mam ganz innovativen Titel "The Album" géifen erausbréngen. No zwee Joer hunn si dann och lo mat hirer neier Single "Wings" endlech rëm nei Musek op de Marché bruecht. Et ass deemno och déi éischt Single-Auskopplung vum neien Album. De Sound vum Lidd ass bëssen anescht wéi een dat vu villen anere Pop-Museker am Moment kennt. D'Single kléngt éischter bësse méi funky an oldschool an handelt vun der Léift an der déi aner Persoun d'Flilleke si fir fortzefléien. D'Single ass mat knapp 1 Minutt a 58 Sekonnen dann och dee kierzten Track um Album.
Aussergewéinleches:
Di 3 Jonas-Bridder haten d'Band 2005 gegrënnt. Bekannt goufen si och duerch den Disney-Film Camp Rock, an deem si nieft der Sängerin Demi Lovato virun der Kamera stoungen. 2013 hunn d''Jonas Brothers sech wéinst "Komplikatioune bannent der Grupp" als Band getrennt. An der Tëschenzäit hat den Nick eng Solokarriäre lancéiert an den Joe war als Frontmann vun DNCE erfollegräich. 2019 Haten si sech mam Hit "Sucker" zeréck gemellt, deen direkt rëm an den Charts viral gaange war.
Fréier Hits:
Déi dräi Bridder hunn an hier bal 20 Joer aler Karriär schonn eng ganz Rei grouss Hits released gehat. Trotzdeem ass hir Comeback-Single "Sucker" bis haut warscheinlech der Band hiren erfollegräichsten Titel. Awer och Tracks wéi "What A Man Gotta Do" oder "Only Human" gehéieren zu deene Lidder déi op kengem Concert dierfe feelen.
Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Hannah Montana, Jesse McCartney, DNCE