
Déi däitsch Indie-Pop Band Giant Rooks huet mat "Bedroom Exile" endlech rëm nei Musek erausbruecht.
Fakten:
Giant Rooks ass eng däitsch Indie-Rock Band déi sech am Joer 2014 gegrënnt huet an awer immens séier bekannt ginn ass. Elo sinn si zeréck mat hirer neister Single "Bedroom Exile" déi rëm bësse méi no Indie kléngt. De Refrain ass wéi een et vun der Band kennt esou catchy, dass en direkt am Ouer hänke bléift. Ob dës Single och Deel vun engem neien Album wäert sinn ass awer nach net gewosst. D'Fans waarde scho laang op een neie Longplayer vue dass dee leschten am Joer 2020 erauskomm war.
Aussergewéinleches:
Och wann hir Single "Tom's Diner" schonn am Joer 2019 erauskomm war, ass d'Lidd am Joer 2021/2022 nach eng Kéier viral gaangen. Dat well d'Band AnnenMayKantereit et gecovert hat. Op Instagram an TikTok gouf d'Lidd dofir nach eng Kéier zu engem Hit an huet och Giant Rooks nach en Kéier gehollef nach méi bekannt ze ginn.
Fréier Hits:
Obwuel sech dee jonke Quintett eréischt 2014 gegrënnt gouf, gëtt e scho mat internationale Gréisste wéi Arcade Fire an Alt-J verglach an als intressantsten Newcomer vun der däitscher Indie-Zeen gehandelt. Si kombinéieren experimentelle Sound mat poppegen Elementer. Mat der Single "Wild Stare" haten si 2019 een éischten Hit. Awer och d'Single "Tom's Diner" gehéiert zu deene Lidder déi net méi an engem Live-Set dierfe feelen.
Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Leoniden, Kraftklub, Bosse