
© AFP PHOTO / MTV
De kanadesche Sänger huet eng nei Versioun vu senger eegener Single zesumme mam Ariana Grande released.
Fakten
Den kanadesche Sänger Abel Tesfaye alias The Weeknd huet 2020 säi leschten Album "After Hours" released gehat. Elo ass hien zeréck mat enger neier Single, fir déi hien sech Ënnerstëtzung vum Ariana Grande geholl huet. Eigentlech ass d'Single "Die For You" och keng nei Single mee just ee Remake vun engem Lidd aus dem Joer 2016. Et ass dann och schonn déi zweete Kéier dass déi zwee Museker fir ee Remix zesummeschaffen. Deemools war d'Ariana Grande och scho bei der neier Versioun vun "Save Your Tears" mat u Bord.
Aussergewéinleches:
Gebuer an opgewuess ass The Weeknd als Fils vun ethiopeschen Immigranten am kanadeschen Toronto. Säi Papp huet d'Famill verlooss, wéi hien nach kléng war. Seng Mamm huet d'Famill missen eleng versuergen, si huet am Dag als Infirmière geschafft an nuets englesch Coursë geholl, Do blouf net vill Zäit fir d'Erzéiung vun hirem Bouf an dofir huet seng Groussmamm sech gréisstendeels em hie gekëmmert, Si war et och, déi de Jong mat der Musek vertraut gemaach huet, Am Haus Tesfaye gouf alles gelauschtert, vun Jazz, Pop iwwer Indie bis hin zu Klassik.
Fréier Hits
Zum The Weeknd senge groussen Hits gehéieren zu Sécherheet Lidder wéi "Save Your Tears" oder "Blinding Lights", déi de kanadesche Museker zu engem Welt-Star gemaach hunn.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Frank Ocean, Drake, Bruno Mars