
© Foqus
Haut stelle mer déi ganz nei Single vum NOSI vir, déi hien zesumme mam Emi released huet.
Fakten
De lëtzebuergeschen DJ a Produzent NOSI ass zeréck mat sengem neien Track "Don't Go", deen hien zesumme mat der Singer a Songwriterin Emi erausbruecht huet. Dëse Song dee bësse méi relax Beats huet, soll ee lues awer sécher op de Summer virbereeden. De Song erënnert de NOSI un déi gutt Zäiten déi hien zesumme mat senge Frënn wärend de waarme Summerméint hat. Fir de NOSI ass dëse Song och een immens emotionalen Track a soll d'Nolauschterer mat op eng Rees huelen.
Aussergewéinleches:
De NOSI huet zesumme mam Ultraschall Kollektiv ugekënnegt, dass hien eng ganz Rei Optrëtter an Europa wäert spillen. Hei wäert hien zesumme mat aneren DJ'en ënnert anerem zu London, Madrid, Lëtzebuerg a Wien optrieden. Dëst ass dann och déi éischt international Tour iwwert e puer Deeg fir den NOSI.
Fréier Hits
Den NOSI huet sech viru Jore schonn als Open-Format DJ am Land op de Baler ee Numm gemaach. Am Joer 2019 huet hien zesumme mam Turnup Tun säin éischte Song "Schëdden" released gehat. Aner Hits sinn dann och nach "Marrakesch", "Cascade" oder "Taking Over Me" zesumme mam CHAiLD.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
DASIC, Turnup Tun