
© Eldoradio
Haut stelle mer déi ganz nei Single vun der däitscher Band Milky Chance vir.
Fakten:
No hirer leschter Single "Colorado" huet den däitsche Pop-Rock-Duo Milky Chance lo hier neiste Single mam Numm "Living In A Haze" released. Dës Single ass dann och mol rëm eng Kéier eng bësse manner relax Single mee éischter een Up-Beat Song. Am Song sange Milky Chance da vun der Sehnsucht déi een am Liewen heiansdo huet an dass een einfach heiansdo mol soll eng ganz Nuecht danze fir all seng Problemer ewech ze danzen. Dësen Track wäert dann och um neien Album mat drop sinn, deen den 9. Juni wäert erauskommen.
Aussergewéinleches:
Am Mee gëtt den Album "Sadnessessary" vun der Band dann och schonn 10 Joer al. Milky Chance hunn ugekënnegt, dass si ee Remake als Akustik-Versioun vun dësem Longplayer wäerten erausbréngen. Op dësem Album war dann och d'Hit Single "Stolen Dance" mat drop, déi deemools och immens vill Präisser gewonnen huet an der Band gehollef huet a ganz Europa bekannt ze ginn.
Fréier Hits:
Milky Chance haten hire gréissten Hit an och hiren internationalen Duerchbroch am Joer 2013 mat der Single "Stolen Dance" mat der si och eng Rei Wochen an den internationale Charts positionéiert waren. Awer och hir Lidder "Colorado" a Synchronize" dierfen a kenger aktueller Setlist méi feelen.
Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Portugal.The Man, Von Wegen Lisbeth, Leoniden