Haut stelle mer déi ganz aktuell Single vum amerikanesche Sänger Benson Boone vir.

Fakten:

Den US-amerikanesche Singer a Songwriter Benson Boone huet mat sengen 20 Joer schonn eng zimmlech grouss Fanbase, déi hien ënnert anerem iwwer TikTok erreecht huet. Elo ass hien zeréck mat senger neier Single "Sugar Sweet" an der de Sänger déi verschidde Steps an enger Bezéiung beschreift. Hei geet et lass beim Verléiftsinn bis hinn zum Schluss vum vun der Bezéiung.
De 14. Abrëll wäert de Benson Boone dann och hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal op der Bün stoen. Hei kann een sech dann och nach op rockhal.lu déi lescht Ticket sécheren.

Aussergewéinleches:

Am Joer 2021 huet de Benson Boone dann och bei der bekannter Fernsee Sendung "American Idol" matgemaach. Hei huet hien sech awer op eemol entscheet d'Sendung ze verloossen an sech selwer ëm seng Karriär ze beméien. Kuerz drop huet de Benson Boone dann och säin éischte Kontrakt mat enger Plackefirma ënnerschriwwe gehat.

Fréier Hits:

Am Oktober 2021 hat de Sänger seng éischt eege Single "Ghost Town" erausbruecht gehat. Mat dëser stoung hien dann och a puer Länner an den Charts. A Norwegen huet hien esouguer de Platin-Status erreecht. Am Februar ass dunn déi zweet Single "Room For 2" erauskomm. Am Juli 2022 mat "Walk Me Hom..." seng éischt EP op de Marché komm gewiescht.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Thomas Day, Zach Hood, Rachel Grae