Den däitsche Museker ass endlech zeréck mat senger zweeter neier Single no senger knapp 13 Joer laanger Paus.

Fakten:

Am Oktober 2022 ass endlech no 13 Joer Paus als Solo-Kënschtler endlech mat "Zukunft Pink" eng nei Single vum Peter Fox op de Marché komm. Dës Single stoung dann och ganz séier an den däitschsproochege Länner ganz uewen an den Charts. Elo ronn 4 Méint méi spéit huet de berliner Museker mat "Vergessen wie" seng zwee Single erausbruecht. An dësem Lidd séngt de Peter Fox dovunner, dass d'Liewen no 3 Joer Pandemie lues awer sécher rëm eropgefuer gëtt a wat nach iwwereg bliwwen ass vun de Lockdowns.  Eng bësse méi relax Single déi trotzdeem déi richteg Beats huet wéi een et vum Peter Fox gewinnt ass.Ob a wéini een Album vum Peter Fox wäert erauskommen huet den däitsche Museker bis elo awer nach net verroden. Mee et gesäit awer op jiddefalls mol esou aus.

Aussergewéinleches:

Am Joer 2008 huet de Peter Fox, deen ee jo och als Frontsänger vun der Band Seeed kennt säi leschte Solo-Album "Stadtaffe" released gehat. Mat dësem hat hien sech definitiv een Numm gemaach a gëllt nach bis haut, 14 Joer méi spéit als Meilesteen an der däitscher Hip-Hop Zeen. 14 Joer hunn d'Fans als misse waarde bis et endlech rëm nei Musek vum Peter Fox gouf. Eventuell kennen sech och nach vill Leit un dem Peter Fox säi mega Optrëtt deemools um Rock-A-Field Festival 2009 erënnere wou hie komplett ofgerappt hat.

Fréier Hits:

Mat sengem bis elo eenzegen Album "Stadtaffe" hat de Peter Fox sech deemools am Joer 2008 an d'Charts katapultéiert. Bis haut gëtt den Album nach ëmmer geféiert a fir vill Fans war et dohier een zimmleche Schock wéi de Museker deemools gesot huet dass hie géif ophalen als Solo-Kënschtler.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Seeed, Jan Delay, Fettes Brot