
© Youtube Screenshot
Haut stelle mer déi ganz nei Kollaboratioun tëschent dem Oliver Tree an dem David Guetta fir.
Fakten:
Den Oliver Tree ass schonn e gelungene Kauz. Eegenen Aussoen no ass hien als Bouf vun Zirkusakrobaten opgewuess, eng aner Kéier huet hie behaapt dass seng Eltere Museker waren. Et weess een net genee wat ee beim Oliver Tree gleewe kann a wat net. Elo huet hien sech mam David Guetta zesummegedoen an een Track released, deen definitiv no Party a Festival kléngt. Den EDM-SOund war ee bis elo jo nach net esou vum brittesche Sänger gewinnt. An der Single geet et dorëms, dass verschidde Saachen am Liewen ëmmer erëm kommen an esou och op der Danzpiste, wou d'Leit ëmmer rëm op den Drop am Song waarden. Aus dem Grond heescht d'Single dann och "Here We Go Again".
Aussergewéinleches:
Den Oliver Tree huet e ganz besonnescht Ritual viru Concerten. 5 Minutten ier hien op d'Bün geet, freet hie säi Manager wéi d'Stad heescht an där hie gläich optriede wäert. Duerno widderhëlt hien den Numm vun der Stad fir déi nächst Minutten!
Fréier Hits:
Am Juli 2020 huet den Oliver Tree säin Debut-Album "Ugly Is Beautiful" erausbruecht. Hei ware Songs ewéi "Cash Machine" oder "Let Me Down" drop.
Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Glass Animals, Twenty One Pilots & Dominic Fike