Haut stelle mer eng Single vum Macklemore vir, bei der hie mat enger ganz spezieller Persoun zesummegeschafft huet.

Fakten:

Den amerikanesche Rapper a Sänger Macklemore ass zeréck mat sengem neien Album "BEN" op deem dann och dës Single "No Bad Days" zesumme mat der Sängerin Collett mat drop ass. An der Single séngt de Macklemore dovunner, dass een d'Liewe soll genéisse wéi et kënnt.

Aussergewéinleches:

Fir dës Single ass natierlech och ee Museksvideo gefilmt ginn, fir deen sech den amerikanesche Rapper Hëllef vu sengem Meedche Sloan geholl huet. Säi 7 Joer alt Meedchen huet déi komplett Regie vum Museksvideo gefouert an doduerch ass de Museksvideo wierklech och zimmlech witzeg ginn.

Fréier Hits:

De Macklemore ass am Joer 2012 duerch säin Album "The Heist" berüümt ginn. Op dësem waren dann ënnert anerem Track wéi zum Beispill "Thrift Shop" an "Can't Hold Us" mat drop. Dës gehéiere bis haut nach zu senge bekanntste Lidder.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

SonReal, Hoodie Allen, Ryan Lewis