
Den amerikaneschen DJ Steve Aoki huet eng nei Pop-Dance Single released, déi hien zesumme mat Galantis an dem Hayley Kiyoko produzéiert huet.
Fakten:
De Steve Aoki a seng legendär Optrëtter dierfte Fans vun EDM-Musek definitiv ee Begrëff sinn. Säit sengem éischten Album "Wonderland" am Joer 2012 ass de Steve Aoki net méi ze bremsen a steet säit Joren op deene ganz grousse Büne ronderëm d'Welt. Elo ass hien zeréck mat senger neister Single "Hungry Heart" déi hien zesumme mat Galantis an dem Hayley Kiyoko erausbruecht huet. Et ass eng Single déi manner EDM-méisseg ass wéi een dat soss vun him gewinnt ass. mat dësem Song well de Steve Aoki de Leit d'Gefill ginn, dass jiddereen Deel vun engem Groussen ass an dass fir hien deen Honger dora besteet d'Leit all an dëser Gemeinschaft zesummen ze bréngen.
Aussergewéinleches:
De 17. Mee wäert de Steve Aoki dann och endlech rëm hei zu Lëtzebuerg op der Bün stoen. No sengem Optrëtt am Joer 2016 um Rock A Field, wäert den DJ dës Kéier an der Rockhal seng Fans begeeschteren an deen een oder anere mat engem Kuch beschmäissen. Hei kann een sech lo och nach Tickets op rockhal.lu kafen, falls een hei well mat dobäi sinn. P.S.: Den 18. Mee ass ee Feierdag.
Fréier Hits:
De Steve Aoki zielt zu den 10 bescht bezueltsten DJ'e vun der Welt. 2013 gouf säin Album "Wonderland" fir ee Grammy Award nominéiert. Den Album huet him den internationalen Duerchbroch bruecht.
Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Hardwell, Dimitri Vegas & Like Mike, Axwell /\ Ingrosse