Fakten:

Och wann d'Gayle réischt 18 Joer huet, huet hat an deene leschte Joer awer schonn eng zimmlech spektakulär Karriär hannert sech. Elo ass d'Musekerin zeréck mat senger neister Single "Everybody Hates Me", déi bësse méi rockeg ass an dovunner handelt, dass d'Musekerin un engem Punkt am Liewen ukomm ass, wou d'Gayle fir alles kritiséiert gouf a sech net respektéiert gefillt huet. D'Sängerin hätt un dem Punkt d'Gefill gehat jidderee géif hat einfach just haassen.

Aussergewéinleches:

D'Gayle ass duerch TikTok bekannt ginn an huet der Videoplattform nawell vill ze verdanken. Säin Hit "abcdefu" war doduerch zum Mega-Hit ginn an op der ganzer Welt viral gaangen. D'Joer 2023 wäert dann och fir d'Gayle bësse méi besonnesch ginn, vue dass hat mat Kënschtlerinne wéi dem Taylor Swift oder dem Pink op Tournée ka goen.

Fréier Hits:

2020 ass dem Gayle seng éischt Single "Z" erauskomm, mat der hat déi éischt Schrëtt a senger musikalescher gemaach huet. 2021 huet Gayle dunn awer all Rekorder mat senger Single "abcdefu" gebrach a stoung wochelaang ganz uewen an den internationalen Charts.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Leah Kate, emlyn, JESSIA