
© Youtube Screenshot
Haut stelle mer déi ganz aktuell Single vun der amerikanescher Sängerin Meghan Trainor vir.
Fakten:
Déi amerikanesch Singer a Songwriterin Meghan Trainor ass zeréck mat senger neister Single "Mother". Dës ass dann och um Meghan Trainor sengem aktuellen Album "Takin' It Back" mat drop. An der Single geet et dorëms, dass d'Meghan Trainor et sat huet wa Männer Saachen erkläre wéi wann d'Frae ronderëm ze domm wieren et ze verstoen. De Sound vun der Single geet an d'Richtung vun der Sängerin sengem Mega-Hit "Made Her Look". Et kéint also sinn dass dës Single genee esou een Erfolleg wäert feieren.
Aussergewéinleches:
Eigentlech sollt dem Meghan Trainor an dem Daryl Sabara hire klenge Bouf de 14. Februar, also op Fältesdag op d'Welt kommen. Ma dee klenge Riley hat et sech awer anescht iwwerluecht, an ass bal eng Woch méi fréi, den 8. Februar op d'Welt komm. Wéi d'Meghan bei sengem Post geschriwwen huet, wier dee klenge Riley awer dee beschte Kaddo fir Valentinsdag gewiescht, an huet sengem Mann dofir Merci gesot.
Fréier Hits:
2014 gouf d'Sängerin mam Song "All About That Bass" bekannt. An dësem Song am 50er-Joeren-Doo-Wop-Stil geet et ëm d'Avantagë vu méi korpulente Fraen. Awer och Lidder wéi "Like I'm Gonna Lose You" zesumme mam John Legend oder "Dear Future Husband" gehéieren nach ëmmer zu der Sängerin senge ganz groussen Hits aus deene leschte Joerzéngten.
Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Fifth Harmony, Ariana Grande, Selena Gomez