De schotteschen DJ Calvin Harris huet sech fir seng neiste Single mol rëm eng Kéier e bëssen Hëllef vun anere Musek geholl.

Fakten:

1 Joer ass vergaange säit de schotteschen DJ säin leschten Album "Funk Wav Bounces Vol.2" erausbruecht huet. De Calvin Harris huet elo mat "Miracle" zesumme mat der Sängerin Ellie Goulding eng ganz nei Single op de Marché bruecht. Dëst Lidd ass dann och schonn deen drëtten Track deen déi zwee zesummen erausbruecht hunn. Fir de Release haten déi zwee sech och eppes ganz Extraes ausgeduecht. Si hunn d'Single an enger Kierch opgeholl an der dem Ellie Goulding seng Stëmm vun enger Uergel begleet gouf.

Aussergewéinleches:

Vue dass den Calvin Harris eigentlech guer net esou vill Albumen erausbréngt, huet hien awer lo an engem Interview verroden, dass dat dorunner kéint leien dass hie wierklech réischt Lidder erausbrénge géif wann se fir hien absolut perfekt a fäerdeg wieren. Hien wéilt nämlech net dass seng Lidder trotzdeem rau a net iwwerproduzéiert wiere, mee einfach perfekt.

Fréier Hits:

Den 38 Joer alen DJ aus Groussbritannien huet 2006 ugefaange Musek ze maachen an huet ëmmer rëm fir vill Hits gesuergt. hei gehéieren da Lidder wéi "How Deep Is Your Love" "Feel So Close" oder "Promises" déi bis haut zum Museker senge ganz groussen Hits gehéieren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

The Chainsmoker, Jax Jones, Daft Punk