De Lewis Capaldi huet ganz spontan déi drëtt Single vu sengem neien Album released.

Fakten:

De schottesche Singer a Songwriter ass scho säit dem Teenager-Alter amgaang Musek ze maachen an huet seng éischt Optrëtter a schottesche Bistroe gehat. Elo ass hie mat senger neister Single "How I'm Feeling" zeréck. An dëser Single hellt de Sänger eis mat a seng Gefillswelt déi net ëmmer einfach fir hien ass. De 5. Abrëll wäert och eng Doku op Netflix ulafen, déi den Titel "How I'm Feeling Now" huet. An dëser kritt een dann och ee méi déiwen Abléck am Museker säi Liewen a seng Gefiller.

Aussergewéinleches:

Nom Lewis Capaldi senger leschter Single "Pointless" déi am Dezember 2022 erauskomm ass, ass dat hei schonn déi drëtt Singleauskopplung vu sengem neien Album. Den neien Album "Broken By Desire To Be Heavenly Sent" op dem dann och "How I'm Feeling Now" mat drop wäert sinn, kënnt den 19. Mee 2023 op de Marché.

Fréier Hits:

Dem Lewis Capaldi seng gréissten Hits bis elo ware mat Sécherheet "Someone You Loved" a "Before You Go" mat deenen hien op Spotify scho Millioune Streams erreecht huet. Awer och säi rezenten Hit "Forget Me" ass international an den Charts gewiescht an ass immens gutt bei senge Fans ukomm gewiescht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

James Bay, Dean Lewis, James Arthur