
© Pexels
An dësem Song kéint een dann och rëm ee Lidd erëmerkenne wat 1998 schonn säi groussen Duerchbroch hat.
Fakten:
Den hollänneschen DJ a Produzent Sam Feldt huet sech fir seng neiste Single mam Jonas Blue zesummegedoen an eng Single erausbruecht, déi definitiv Vibes aus den 90er Joren huet. Et géif ee bal mengen den Eurodance wier am Gaang zeréck ze kommen. An dëser Single "Crying On The Dancefloor" geet et dorëms, dass ee sech an der Musek ka verléieren an eng gutt Zäit hunn. D'Single soll dann och de Spirit an d'Gefill vum Summer an de Festivallen an d'ganzt Joer projezéieren.
Aussergewéinleches:
Bei dëser Single hunn sech déi zwee Produzenten un engem Klassiker bedéngt, dee warscheinlech deene meeschte Leit bekannt vir kënnt. Et handelt sech hei ëm den Track "Better Off Alone" vum Alice DeeJay aus dem Joer 1998. Hei héiert een dann och ganz kloer den 90er Sound fir dee Partye wéi och d'Love Parade bekannt waren. Eventuell kënnt dee Sound jo dann och zeréck an d'Discoen.
Fréier Hits:
De Sam Feldt huet am Joer 2015 seng éischt Musek erausbruecht an huet spéitstens mat sengem Song "Post Malone" zesumme mam RANI den Héichpunkt vu senger Karriär erreecht. Hautzedaags spillt hien doduerch dann och op deene gréisste Festivallen wéi zum Beispill um Tomorrowland oder Ultra Music Festival.
Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Felix Jaehn, Lost Frequencies, Sigala