
© Eldoradio
Den däitsche Singer a Songwriter Nico Santos ass zeréck mat senger neier Single "Number 1", déi dann och Deel vu sengem neien Album ass.
Fakten:
Den däitsch-spuenesche Singer a Songwriter Nico Santos huet mat "Number 1" seng neiste Single erausbruecht, an der hien dovunner séngt dass d'Liewen eigentlech eng onendlech Rees op der Sich no Erfarungen an Abenteuer. Dës Single wäert dann och Deel vum Nico Santos sengem nächsten Album "Ride" sinn, deen am Mee wäert erauskommen. Fir d'nächst Joer huet de Museker dann och eng grouss Tournée geplangt, wärend der hien dann och den 1. Mäerz wäert an der Rockhal optrieden.
Aussergewéinleches:
Fir dës Single huet den däitsche Museker sech dann och eppes ganz Spezielles fir de Museksvideo afale gelooss. Fir dëse Video huet den Nico Santos sech Hëllef vum Chat GPT geholl. Hei huet d'Aarbecht vum Video-Produzent eng kënschtlech Intelligenz iwwerholl. Heimat wollt de Sänger weisen dass een immens innovative Geescht tëschent der Musek an enger kënschtlecher Intelligenz stécht.
Fréier Hits:
Zum Nico Santos senge gréissten Hits gehéiere Lidder wéi "Play With Fire" "Rooftop" oder "Better". Mat dëse war hien och wäit iwwert d'Grenze vun Däitschland bekannt ginn.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Alvaro Soler, Mike Singer, LEA