Den iresche Museker ass zeréck mat enger neier Single an enger neier EP.

Fakten:

Den iresche Singer a Songwriter ass scho säit ville Joren an der Museksbranche ënnerwee an huet deemools am Joer 2013 säin Duerchbroch gepackt. Elo ass hien zeréck mat senger neier Single "Eat Your Young" déi dann och senger neier EP de Numm gëtt. Bei dëser Single steet natierlech dem Hozier seng onverkennbar Stëmm rëm am Vierdergrond. Duerch d'Melodie vun dësem Track bléift en och direkt am Ouer hänken an ass domat och dee stäerkste vun deenen dräi Lidder op der EP.

Aussergewéinleches:

Am Juli wäert den Hozier dann och op Tournée goen. Leider steet kee Concert hei am Land um Programm, dofir awer ganz an der Géigend wéi zum Beispill zu Paräis oder zu Köln wou een da warscheinlech och déi nei Lidder vu senger EP "Eat Your Young" wäert héieren.

Fréier Hits:

Mat bal 25 Milliounen Nolauschtere pro Mount op Spotify huet de Museker mat senger onverkennbarer Stëmm et scho wierklech wäit gepackt. Säin Duerchbroch hat de Sänger dann awer am Joer 2013 mat senger Single "Take Me To Church" duerch déi hien dann och international bekannt ginn ass.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Vance Joy, The Lumineers, Noah Kahan