
© Jamie McCarthy / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
De brittesche Singer a Songwriter huet elo seng éischt Single vu sengem neien Album "Substract" released.
Fakten:
Den Ed Sheeran huet virun e puer Wochen säin neien Album "Substract" ugekënnegt gehat. A genee vun dësem Album huet de brittesche Sänger elo mat "Eyes Closed" déi éischt Single vun dësem erausbruecht. Duerch dës Single kann een sech dann och scho bëssen ulauschtere wéi den Album de 5. Mee wäert kléngen. Am Text vun der Single séngt den Ed Sheeran dovunner, dass hien ee wichtege Mënsch verluer huet wat an dësem Fall säi Kolleeg Jamal Edwards war, an net wierklech domadder eens gouf. Fir driwwer wech ze kommen huet de Museker probéiert aus der Realitéit ze fléien. Et ass also eng ganz perséinlech an emotional Single vum Museker.
Aussergewéinleches:
Mat sengem leschten Album huet den Ed Sheeran mol rëm eng Kéier eng ganz Rei vu Rekorder opgestallt. An och seng Tournée war wierklech ganz extrem. A ronn engem Joer huet de Museker einfach mol 89 Concerte gespillt. Dovunner ware wierklech och Concerten dobäi mat iwwer 100.000 Leit wou hien da ganz eleng op der riseger Bün stoung. Fir den neien Album ass bis elo nach keng Tournée ugekënnegt, mee dat wäert och net méi ganz laang daueren.
Fréier Hits:
Den Ed Sheeran ass duerch Lidder wéi "Perfect", "Shape Of You" oder "Bad Habits" net méi aus der moderner Pop-Musek ewechzedenken. Seng Lidder dierften doduerch och zimmlech jidderengem op der Welt bekannt sinn, wat aus him ee richtege Superstar mécht.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Sam Smith, Shawn Mendes, James Arthur