
© Sandra Ludewig
Den däitsche Singer a Songwriter Michael Schulte huet sech elektronesch Hëllef geholl bei senger neister Single.
Fakten:
Fir déi neiste Single "Waterfall" huet de Michael Schulte sech mam hollännesche Produzent an DJ R3HAB zesummegedoen. Dës Single ass dann och Deel vum Museker sengem nächsten Album "Remember Me" dee ganz geschwënn wäert erauskommen. De Song ass déi perfekt Mëschung tëschent Pop an EDM. Déi zwee Museker soten an engem Interview, dass de Song éischter méi een euphoresche wier, deen de Summer gutt aleede géif.
Aussergewéinleches:
Am Joer 2012 huet de Michael Schulte bei der Gesangs-Castinshow "The Voice Of Germany" matgemaach. Hei huet hien et dann och am Endeffekt op déi drëtt Platz gepackt gehat. Direkt duerno huet hien dunn och säi bis elo erfollegräichsten Album "Wide Awake" erausbruecht. 2018 war de Michael Schulte dann och beim ESC zu Lissabon fir Däitschland mat dobäi.
Fréier Hits:
De Michael Schulte huet am Joer 2011 säin éischten Album ënnert dem Numm "All The Waves" erausbruecht gehat. Bis elo huet den däitsche Museker 6 Studioalben erausbruecht gehat. Seng gréissten Hits op dësen Albe waren dann awer Lidder wéi "Falling Apart" oder "You Said You'D Grow Old With Me".
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Max Giesinger, Nico Santos, Andreas Bourani