Haut presentéiere mir déi ganz nei Single "Mutprobe" vum LEA!

Fakten:
De 5. Mee bréngt déi däitsch Singer/Songwriterin LEA den neien Album "Bülowstraße" eraus. Et ass eng Hommage un d'Berliner Bülowstraße, déi iergendwou am Westen tëschent de Quartieren Kreuzberg, Charlottenburg a Schöneberg läit. Um Longplayer wäert d'Musekerin d'Geschicht vun enger jonker Fra erzielen, déi grad zu sech selwer fënnt a sech selwer kenneléiert. D'LEA ass quasi d'Stëmm vun der Fra a wäert hir Gedanken eraus an d'Welt droen. Mat "Mutprobe" ass elo déi nei Single-Auskopplung dobaussen. Hei geet et ëm déi opreegend Zäit tëschent dem Kenneléieren an der Honey-Moon-Phas. Musikalesch ass de Song ganz reduzéiert: Akkustesch Gittar, Piano a Stëmm.

Aussergewéinleches:
Dass d'LEA an den Nico Santos sech gutt verstinn, ass scho laang bekannt. Ënnert anerem war den Nico scho beim LEA sengem YouTube-Format "Um den Block mit..." op Besuch. Déi Zwee hunn dann elo eng gemeinsam Version vun där neier Single "Mutprobe" erausbruecht, bei där den Nico Santos Piano spillt.

Fréier Hits:
"Bülowstraße" wäert schonn dem LEA säi fënnefte Studio-Album ginn. Ënnert anerem mat de Wierker "Zwischen meinen Zeilen" oder "Treppenhaus" konnt déi däitsch Kënschtlerin schonn héich Chart-Platzéierungen erreechen. Virun allem bekannt ass hatt duerch Tracks ewéi "Leiser", "Zu Dir" oder "110 (feat. Capital Bra, Samra).

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*Innen och eppes fir iech:
Tim Bendzko, Nico Santos, Joris & Lotte