
© Youtube Screenshot
Fakten:
Nodeems de Iann Dior am Joer 2022 säin Album "on to better things" released hat, ass hien elo zeréck mat engem Song, dee musikalesch bësse méi zeréck zu sengen Hip-Hop Wuerzele geet. D'Single "do it all" huet definitiv Hit-Potenzial an handelt dovunner wéi de Sänger selwer fir sech zu der beschter Persoun ka ginn. Dëst géif domadder ufänken, dass een seng Feeler a Macken sech agestoe géif a sech net no aneren ze riichten.
Aussergewéinleches:
De Museker selwer ass trotz sengem Erfolleg ganz normal bliwwen an huet zum Beispill mat senger éischter Pai senger Mamm een Haus kaaft. Hien hëllt net vill dovunner, wann een sech duerch seng Berüümtheet veränneren. Am Moment ginn et dann awer och scho Gerüchter, dass dem Iann Dior säin nächsten Album dann och scho bal fäerdeg wier an nach am Joer 2023 soll op de Marché kommen. De Museker selwer huet dat awer nach net offiziell confirméiert.
Fréier Hits:
Berüümt ginn ass den Iann Dior dann awer duerch seng Kollaboratioun mam 24K Goldn bei der Single "Mood". Mat dëser stoungen déi zwee Museker weltwäit ganz uewen an den Charts an hunn op Spotify och schonn iwwer 1,3 Milliarde Streams erreecht.
Wann iech dat gefällt, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
24K Goldn, Internet Money, The Kid Laroi