
© Eldoradio
Mat enger neier Single ass d'Waarden op der Sängerin säin neien Album dach schonn direkt vill méi angeneem.
Fakten
Déi brittesch Sängerin Ellie Goulding dierft spéitstens no sengem Hit "Burn" am Joer 2013 jidderengem ee Begrëff sinn. Elo ass d'Musekerin zeréck mat senger aktueller Single "By The End Of The Night" zeréck. Am Oktober huet déi brittesch Musekerin Ellie Goulding ugekënnegt gehat, dass een neien Album am Joer 2023 géif erauskommen. Eigentlech sollt den Album "Higher" den 22. Mäerz erauskommen, gouf awer lo op de 7. Abrëll verréckelt. Elo huet d'Ellie Goulding dann och eng weider Single-Auskopplung released. "By The End Of The Night" ass dann och schonn déi fënneft Single vum Album.
Aussergewéinleches
D'Ellie Goulding war vun 2011 bis 2012 mam amerikaneschen DJ a Museksproduzent Skrillex zesummen, deen an der Zäit och zum Mega-Star ginn ass. Schonn am Alter vu nëmme 15 Joer huet d'Musekerin sech och selwer bäibruecht Gittar ze spillen an huet dunn och seng éischt Lidder geschriwwen. Niewebäi kann d'Musekerin dann awer och nach Perkussioun a Klarinett spillen.
Fréier Hits
Déi 35 Joer al brittesch Sängerin Ellie Goulding hat am Joer 2013 säi groussen Duerchbroch mat der Single "Burn" mat der hat et international zimmlech iwwerall bis ganz no uewen an d'Charts gepackt hat. Awer och säi leschten Album "Brightest Blue" war immens gutt ukomm a stoung international och wäit uewen an den Charts.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Tove Lo, Dua Lipa, Rita Ora