
© Youtube Screenshot
Déi däitsch Sängerin Leony huet elo säin neien Album "In Between" op de Marché bruecht.
Fakten:
Déi däitsch Musekerin ass zeréck mat senger neier Single "Holding On", déi och um Leony sengem neien Album "Somewhere In Between" mat drop ass, dee viru kuerzem erauskomm ass. De Sound vun dëser Single ass dann och bësse méi elektronesch wéi een dat soss vun der Sängerin gewinnt ass. Trotzdeem bleift de Song direkt am Ouer hänken a wäert an Zukunft eventuell och an dem engem oder aneren DJ-Set an der Disco ze héiere sinn.
Aussergewéinleches:
Am Mee huet een dann och d'Chance d'Leony live ze gesinn, ënnert anerem spillt hatt Concerten zu Frankfurt oder Köln. Am Joer 2023 ass d'Leony dann och an der Jury vun der Fernsee-Sendung "Deutschland Sucht Den Superstar". Hei lauschtert hat sech dann zesumme mam Pietro Lombardi, Dieter Bohlen a Katja Krasavice d'Kandidaten un an entscheet mat wien da weider kënnt.
Fréier Hits:
Ewéi uewe schonn erwäänt: Poppege Sound a catchy Hooks kann d'Leony! Dat huet hatt ënnert anerem scho mat Songs ewéi "Faded Love", "No More Second Chances" oder "Remedy" ënner Beweis gestallt. Donieft hat d'Musekerin eng ganz Partie immens erfollegräich Kollaboratioune mat VIZE ("Paradise"), mam Pascal Letoublon ("Friendships (Lost My Love)") oder mam Toby Romeo ("Crazy Love").
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Ilira, Lena, Lea & Alice Merton