Den Turnup Tun huet zesumme mam Skinny J déi drëtt Single Auskopplung vu sengem neien Album erausbruecht.

Fakten: 
No sengem Hit "Nach e Kuss" ass den Turnup Tun elo zeréck mat senger neister Single "Hook", déi hien zesumme mam Skinny J produzéiert huet. Et ass säit laangem mol rëm eng Kéier een Track deen déi zwee Kolleegen zesummen opgeholl hunn. An dësem Song sangen déi zwee Rapper dovunner, dass een ëmmer soll fir seng Kolleegen do si wann et hinne géif schlecht goen. Et soll ee probéieren hinnen aus dem Lach erauszehëllefen an hinne rëm Loscht op d'Zukunft ze maachen. Dësen Track wäert dann och um Tun sengem neien Album sinn, deen den 28. Abrëll soll erauskommen.

Aussergewéinleches:

Den Turnup Tun an de Skinny J kennen sech scho ganz laang an hunn och schonn deemools beim Ufank vu Stay Fou zesumme Musek gemaach. Dem Tun seng zwee éischt Solo-Alben "Frësche Wand" an "All Aen Op Eis" huet hien deemools am Joer 2018 an 2020 zesumme mam Skinny J geschriwwen a released gehat. Hei war ënnert anerem d'Lidd "Cuba Libre" een Track deen ee bis haut nach op deem engen oder anere Bal héiert.

Fréier Hits:
Dem Turnup Tun seng gréissten Hits bis elo si Lidder wéi "Schëdden" zesumme mam NOSI, "Mamacita", oder déi aktuell Single "Nach e Kuss". Awer och wéi schonn uewe geschriwwen ass d'Single "Cuba Libre" zesumme mam Skinny J een Hit deen een och no enger Rei Joren nach ëmmer héiert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Sixo, Ragga, Maale Gars