Déi amerikanesch Musekerin huet mat "Call On Me" eng summerlech Single released, déi warscheinlech och an deenen nächste Méint eng Roll wäert spillen.

 Fakten

Déi amerikanesch Sängerin Bebe Rexha huet no sengem leschten Album "Better Mistakes" am Joer 2021 elo seng neiste Single "Call On Me" erausbruecht. Dës Single ass da vum Sound och éischter méi dancy ugehaucht a suergt dofir dass ee scho bëssen a Summer-Stëmmung kënnt. Dës Single wäert dann och um Bebe Rexha sengem nächsten Album mat drop sinn, dee vir den 28. Abrëll geplangt ass. Dësen drëtten Album wäert ënnert dem Numm "Bebe" op de Marché kommen.

Aussergewéinleches:

Viru senger Karriär als Musekerin, hunn d'Bebe Rexha fir aner Stare Lidder geschriwwen. Den Eminem a Rihanna Song "The Monster" gouf vum Bebe Rexha matgeschriwwen. De Song huet am Joer 2015 e Grammy Award gewonnen.

Fréier Hits

Alles huet beim Bebe Rexha ugefaange mat der Single "Me, Myself & I" deen am Joer 2015 erauskomm ass. Ee Joer duerno koum d'Sängerin dann och wäit an d'Charts mam Lidd "No Broken Hearts". Zesumme mam David Guetta huet d'Bebe Rexha da warscheinlech säi kommerziellst Lidd erausbruecht. "I'm Blue" zesumme mam franséischen DJ leeft scho säit Wochen a Wochen an den internationalen Charts erop a erof.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Zara Larsson, Rita Ora & Halsey