
© YouTube Screenshot
Haut presentéiere mir iech déi nei Single "BESO" vum Rosalía a Rauw Alejandro!
Fakten:
Nodeems d'Fans méintelaang spekuléiert hunn, ass et elo endlech offiziell: Déi spuenesch Kënschtlerin Rosalía an de puerto-ricanesche Museker Rauw Alejandro si verloobt! Dat hunn si mam Musek Video vun hirem gemeinsamen Track "BESO" annoncéiert, deen elo dobaussen ass. Am Video gesäit ee ganz perséinlech Ablécker an deenen Zwee hir Bezéiung - vu Reesen iwwer Backstage-Zeenen bis hinn zu clips an deenen si am Bett waakrech ginn.
Aussergewéinleches:
D'Rosalía an de Rauw Alejandro hate schonn e puer Songs, bei deenen den Numm vun deem Aneren an de Produktiouns- oder Songwriting-Credits opgetaucht ass. "BESO" ass elo allerdéngs deen éischte richtege Release zesummen. Gläichzäiteg mat deem Track hunn si och d'EP "RR" erausbruecht, op deem déi zwee weider Lidder "VAMPIROS" a "PROMESA" mat drop sinn.
Fréier Hits:
Bekannt gouf d'Rosalía duerch seng Verbindung vu Flamenco a Pop-Musek. Iwwert déi lescht Joren ass hatt duerch Kollaboratioune mat James Blake, The Weeknd oder Travis Scott, virun allem awer duerch seng Solo-Releases zu engem vun deene gréisste Pop-Stars avancéiert. Rezent si säin 3. Album "Motomami" an den Track "DESPECHÁ" viral gaangen.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Kali Uchis, Anitta & Karol G