Haut presentéiere mir déi nei Kollaboratioun "Substitution" vu Purple Disco Machine a Kungs!

Fakten:
Mat Purple Disco Machine a Kungs hu sech zwee vun deenen unerkanntste Produzenten aus der Musekszeen zesummegedoen. Allen Zwee verstinn se et nëmmen all ze gutt, wéi ee Melodien an Tracks kreeéiert, déi Leit zum Danze bréngen. Den Däitschen an de Fransous hu sech iwwert déi lescht Jore bei ville gemeinsame Festival-Optrëtter kennegeléiert an hu sech fir d'Produktioun vu "Substitution" am Purple Disco Machine sengem Studio zu Dresden getraff. Si sinn nämlech der Iwwerzeegung, dass een nëmmen an enger face-to-face Session en authentescht Resultat kritt.

Aussergewéinleches:
Wéi et sech hautdesdaags gehéiert, hunn de Purple Disco Machine an de Kungs a "Substitution" natierlech och e Sample verschafft. Heibäi handelt et sech ëm den ikoneschen 1984er-Hit "Big in Japan" vun Alphaville. Dëst war deemools d'Debut-Single vun der däitscher Formatioun a sollt a ganz villen europäesche Länner héich Chart-Platzéierungen erreechen. "Big in Japan" war iwweregens och um Alphaville-Debut-Album "Forever young" mat drop.

Fréier Hits:
De Purple Disco Machine huet réicht viru Kuerzem e Grammy fir déi Bescht Remix Performance vum Lizzo sengem "About Damn Time" kritt. Bekannt ass hien awer virun allem duerch seng Hits "Hypnotized", "In The Dark" oder "Fireworks". De Kungs hat an der Vergaangenheet schonn Hits ewéi "This Girl" oder "Don't You Know" an huet seng Karriär d'lescht Joer mam Album "Club Azur" esou richteg lancéiert!

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir Iech:
Felix Jaehn, Robin Schulz, Fred again.. & Topic