
© Youtube Screenshot
Haut stelle mer dem Khalid seng neiste Single "Softest Touch" vir, déi de Museker scho säit Méint ugekënnegt huet.
Fakten:
Den amerikanesche Sänger Khalid ass zeréck mat senger neier Single "Softest Touch", déi hien och scho säit dem November 2022 ugekënnegt huet. Dës Single ass dann och éischter bësse méi eng emotional Single vum Museker. Hien huet och gesot, dass et ville Leit net esou gutt gaange wier an der leschter Zäit an dass hien mat dëser Single deene Leit rëm wéilt eng Hoffnung ginn, un der se sech kéinte festhalen. Gutt Laun a positiv Energie soll dës Single mat sech bréngen, déi dann och déi éischt Single vum Khalid sengem nächsten Album ass.
Aussergewéinleches:
An engem Interview mat Apple Music huet de Khalid dann och scho bëssen eppes iwwer säin neien Album verroden. Hei am Gespréich huet hie gesot, dass um neie Longplayer puer vu senge beschte Songs aus senger Karriär mat drop wäerte sinn. Den Album géif dann och scho ganz geschwënn erauskommen an dass hien déi lescht 3 Joer eigentlech just dorunner geschafft huet, vue dass hien sech vill Gedanke mécht wéi een Album soll klengen deen duerno d'ganz Welt ka lauschteren.
Fréier Hits:
Dem Khalid seng gréissten Hits ware Lidder wéi "Beautiful People", "Young Dumb & Broke" oder och nach "Location". Mat dëse Lidder huet de Sänger de Schrëtt zum Star gemaach.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Kiana Ladé, Bazzi, Kehlani