Déi brittesch Singer a Songwriterin ass zeréck mat enger ganz neier an emotionaler Single.

Fakten:

Déi brittesch Sängerin Maisie Peters huet et mat sengen 22 Joer schonn zimmlech wäit an der Museksbranche gepackt. Elo ass d'Musekerin zeréck mat senger neister Single "Lost The Breakup" zeréck, déi och um Maisie sengem nächsten Album mat drop wäert sinn, deen de 16. Juni wäert erauskommen. Am Text geet et dorëms, dass d'Maise Peters bei der Opléisung vun enger Bezéiung besser driwwer wechkomm ass wéi säin Ex-Partner.

Aussergewéinleches:

Dës Single "Lost The Breakup" ass dann och genee de Géigendeel vun der éischter Singleauskopplung "Body Better" déi viru kuerzem erauskomm ass. D'Sängerin huet verroden, dass hat sech bei "Body Better" immens schlecht gefillt huet an et him wierklech net gutt gaangen ass. "Lost The Breakup" ass fir d'Maise Peters da rëm de Wee no uewen a raus aus deenen negative Gedanken.

Fréier Hits:

D'Maisie Peters huet seng Karriär ugefaangen, andeems hatt fir YouTube Lidder wéi "Toast", "Birthday" a "First place" opgeholl huet. Säin Debütalbum "Dressed Too Nice For A Jacket" ass am  November 2018 eraus komm. Säin Album aus dem Joer 2021 "You Signed Up For This" ass immens viral gaangen a gëtt als ee vun deene beschten aus dem ganze Joer gehandelt.

Wann iechdat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:   

Freya Ridings, Matt Simons, Tom Walker