
© Youtube Screenshot
De brittesche Soul-Sänger ass zeréck mat senger neister Single "Hold On To My Love".
Fakten:
De brittesche Soulsänger an DJ John Newman mellt sech mat senger ganz neier Single "Hold On To My Love" zeréck, déi hien iwwert den Tomorrowland Music Lable erausbruecht huet. An der Single steet definitiv rëm dem Sänger seng markant Stëmm am Vierdergrond, déi hei vun dance-pop Beats ënnermoolt gëtt an doduerch eng ganz speziell Energie kritt. Ob dës Single och Deel vun engem neien Album wäert sinn ass awer nach net gewosst.
Aussergewéinleches:
Den John Newman krut 2 Mol ee Gehirtumor diagnostizéiert an huet missen operéiert ginn- 2012 an 2016. Wéi hien an engem BBC-Interview sot, géing hien ëmmer mat anere Museker verglach ginn déi Succès hätten a méi verdénge géifen, Fir dat an Zukunft ze verhënneren, goufe fir seng Tour 2019 vill méi kléng Locations ausgesicht an et gouf decidéiert, mam Wunnwon vun enger Plaz op di aner ze fueren.
Fréier Hits:
De brittesche Soulsänger John Newman gouf 1991 zu Settle, gebuer. Scho mat 14 huet hien ugefaangen, eege Lidder opzehuelen. Mat 20 ass hien op London geplënnert an huet do den Elektronik-Kollektiv Rudimental kenne geléiert, op deenen hiren Drum'n'Bass-Singele "Feel the Love" a "Not Giving In" hie gesongen huet. "Feel the Love" huet d'Spëtzt vun de britteschen Charts erreecht- ee Succès deen den John Newman 2013 mat senger eegener Single "Love Me Again" widderhuele konnt.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Olly Murs, George Ezra