Haut stelle mer d'Single "Waterfalls" vum CHAiLD senger neier EP "Urgent Care" vir.

Fakten:

De lëtzebuergesche Museker CHAiLD huet déi lescht Méint ëmmer erëm musikalesch op sech opmierksam gemaach. Elo huet hien dann och seng nei EP "Urgent Care" erausbruecht, op der dann och d'Single "Waterfalls" mat drop ass. Dës Single ass dann och eng zimmlech emotional an handelt vun Angscht a wéi een dës Emotioune probéiert a sech dran ze verschaffen. Et ass dann och den éischten Track vun der EP.

Aussergewéinleches:

Dem CHAilD seng EP "Urgent Care" ass dann och ee ganz perséinleche Projet, vun deem hien eis am Interview dat hei gesot huet: "Ups and Downs gehéieren einfach zum Liewen dozou an déi Phas war einfach en Downer. Ech sinn deemools net an de Studio gaangen fir mech besser ze fillen, ech war do well d'Liewe weidergeet an ech awer weiderschaffe wollt. An all Kéiers ewéi mir am Studio waren an u Lidder geschafft hunn, hunn ech mech ëmmer besser gefillt a krut ëmmer méi Hoffnung. An op engem gewësse Punkt hu mir eis gesot: Komm mir paken alleguer d'Songs aus där Phas zesummen, feieren eng bestëmmt Heelung a sharen dat mat de Leit!"

Fréier Hits:

Den CHAilD hat säin éischte groussen Erfolleg zesumme mam MAZ an hirer Single "Sick Water". Duerno koumen awer nach eng ganz Rei Songs raus, mat deenen den CHAiLD sech fest an der nationaler Museksbranche etabléiert huet. Hei gehéieren zum Beispill dann och Lidder wéi "Ocean Boy", "Taking Over Me" oder och "Italo Daddy" dozou.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

MAZ, Seed to Tree, Tuys