Déi däitsch Sängerin huet seng nei Single "Don't Give Up" released.

Fakten:

Déi 20 Joer al Sängerin vun Hamburg ass zeréck mat senger neier Single "Don't Give Up". D'Sängerin huet dann och an engem Interview iwwert dëse Song verroden, dass et heiansdo am einfachste wier alles opzeginn an opzehalen. Mat dëser Single well d'Sängerin sech dorunner erënneren net opzeginn a weider ze maachen an dass ee mat dëser Kraaft alles erreeche kann.

Aussergewéinleches:

Di däitsch Sängerin huet 2017 bei der Castingshow "The Voice Kids" matgemaach. Hatt huet d'Show zwar net gewonnen, huet do awer den Ed Sheeran kenne geléiert. Och hien huet erkannt, dass hatt eng besonnesch Stëmm huet. Dee Weltstar huet deemools gemengt: "D'Zoe huet eng Stëmm, déi absolut no fir geet an eng ganz besonnesch Presenz huet."

Fréier Hits:

D'Zoe Wees huet et an Europa definitiv scho bis ganz no uewe gepackt. Elo ass hat awer och amgaang op anere Kontinenter Fouss ze faassen. Mat Lidder wéi "Control" oder "Girls Like Us" huet hat sech an d'Häerzer vun de Fans gesongen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Tom Gregory, JC Stewart, Griff