Den amerikanesche Rapper ass zeréck mat enger bësse méi emotionaler Single.

Fakten:

Den amerikanesche Rapper Post Malone huet sech eigentlech déi lescht Zäit musikalesch nawell zeréck gezunn. Elo ass hien awer zeréck mat senger ganz neier Single "Chemical", déi hien zesumme mam Louis Bell an Andrew Watt produzéiert huet. D'Single ass eng gutt Mëschung tëschent Pop, Hip-Hop an awer och bësse méi Folk-Elementer. Am Text séngt de Post Malone vun enger Bezéiung, an der hien einfach net lassloosse kann.

Aussergewéinleches:

Den amerikanesche Rapper kann sech dann net nëmmen iwwer ganz nei Musek freeë mee och iwwer säin éischt Kand, wat hien viru ronn engem halwe Joer krut. De Rapper huet bis elo awer nach net verrode wien d'Mam vum Kand wier, mee et wier kee Promi. De Post Malone huet dann och an engem Interview gesot, dass hien sech a sengem Liewen nach ni esou glécklech gefillt hätt wéi elo.

Fréier Hits:

De Post Malone huet a sengem jonken Alter vu 26 Joer schonn deen een oder aneren Hit geschriwwen. Hei sinn zum Beispill Lidder wéi "rockstar" oder "Sunflower" zu senge ganz groussen Hits ginn an dierfen a kenger Setlist bei senge Concerte feelen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Tyga, SAINt JHN, Desiigner