
Haut stelle mer dem däitsche Museker seng nei Single "Shirt & Handtuch" vir.
Fakten:
De Luis Raue alias Mayberg huet seng Museker-Karriär am Joer 2020 ugefaangen an huet elo mat "Shirt & Handtuch" seng neiste Single erausbruecht. Dem Mayberg seng Stëmm huet dann och ee ganz spezielle Sound deen ee minimal mat AnnenMaykantereit kéint vergläichen. An dëser Single gëtt dann iwwert en fréier Bezéiung gesongen an der een nach ëmmer un dem ganze well festhalen an deen anere schonn domat ofgeschloss huet.
Aussergewéinleches:
Den däitsche Museker wäert een dann och ganz geschwënn hei am Land kenne gesinn. Hien steet nämlech am Kader vum USINA23 Festival op der Schmelz mat um Line-Up. Hei wäert hie Sonndes de 4. Juni 2023 op der Bün stoen a säin neien Album "MINI" presentéieren. Hei kann een sech dann och lo nach säin Ticket op atelier.lu kafen.
Fréier Hits:
Säi musikaleschen Ufank huet de Mayberg am Joer 2020 mat der Single "Bitte Bitte" gehat. An dëser huet de Museker niewent senger staarker Stëmm just seng akustesch Gittar gespillt. Dëse Sound huet de Museker och bis haut bäibehalen an huet mat Lidder wéi "Spiegelbild" oder "Endlos_demo" seng éischt Erfolleger konnte feieren.
Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Haller, ENNIO, Levin Liam