
© Youtube Screenshot
Den brittesche Museker huet sech nawell prominent Hëllef fir seng neiste Single gefrot.
Fakten:
De brittesche Museker James Carter ass zeréck mat senger neier Single "Can't Forget You" bei der hie mam franséischen DJ-Duo Ofenbach a mam weltbekannte Sänger James Blunt zesummegeschafft huet. Doraus ass eng Single entstanen, déi duerch de Vibe wéi eng klassesch EDM-Pop-Single kléngt an trotzdeem direkt am Ouer hänke bléift, vue dass et warscheinlech keen op der Welt gëtt deen net direkt dem James Blunt seng Stëmm eraushéiert.
Aussergewéinleches:
An engem Inteview huet den James Carter dann och gesot, dass hie schonn ëmmer ee grousse Fan vum DJ Duo Ofenbach war an dass et och immens flott war mat hinnen zesummenzeschaffen. Mee och den James Blunt wier ee Museker, mat deem hie schonn ëmmer eng Kéier wollt zesummeschaffe vue dass seng Stëmm einfach op der ganzer Welt erëmerkannt gëtt. Et wier ee cross-over Track deen déi verschidde Welten an der Musek géif vereenen.
Fréier Hits:
Dem James Carter säin éischte groussen Hit war d'Single "Bad Memories" zesumme mat Meduza. Dës gouf bis haut scho méi wéi 350 Millioune mol gestreamt an huet a 6 Länner de Gold a Platin Status erreecht.
Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
yuma, Marcus Layton, Felix Jaehn