
© Eldoradio
Et ass déi éischt Kollaboratioun vum éisträicheschen DJ an dem däitschen DJ a Produzenten Duo YouNotUs.
Fakten:
Den éisträicheschen DJ Toby Romeo ass scho laang keen Onbekannte méi an der internationaler DJ-Branche. Fir seng neiste Single "What It Feels Like" huet hien sech da mam Produzenten-Duo YouNotUs vu Berlin zesummegedoen. Dei dräi Museker haten sech um Amterdam Dance Event kennegeléiert an direkt ee gudde Vibe gespuert. De Song huet déi typesch EDM-Beats déi aus der Single defintiv ee Song fir d'Clubs a Festivalle méscht. Awer duerch déi markant Stëmm gëtt et trotzdeem ee Lidd wat perfekt fir de Summer passt.
Aussergewéinleches:
Den Tobias Waß huet am Alter vu 13 Joer scho mat sengem éischten DJ-Equipment op bësse méi grousse Veranstaltunge gespillt. Séier krut hien hei och ëmmer méi grouss Optrëtter a sou stoung am Joer 2016 déi éischte Kéier op der Bün vum Electric Love Festival an Éisträich. An Zwënschenzäit huet hien dann och scho soss an Europa op ville Festivalle gespillt wéi zum Beispill dem Donauinsel-Fest oder dem Parookaville.
Fréier Hits:
Mat sengen 22 Joer ass den Toby Romeo nach zimmlech jonk an huet trotzdeem schonn eng ganz Rei Hits erausbruecht. Säi gréissten Erfolleg hat den DJ dann awer zesumme mam Felix Jaehn an hirer Single "Where The Lights Are Low" mat dem si zwee op der ganzer Welt bekannt gi sinn.
Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Glockenbach, Felix Jaeh, Topic