Haut stelle mer déi nei Single vum Kim Petras vir, déi eventuell och deem een oder anere bekannt kéint virkommen.

Fakten:

Déi däitsch-amerikanesch Musekerin Kim Petras huet viru kuerzem réischt seng lescht Hit-Single "Unholy" zesumme mam Sam Smith op de Marché bruecht fir déi si zwee och dëst Joer ee Grammy fir de beschte Pop-Duo Track . Elo ass d'Sängerin zeréck an huet dës Kéier mam Nicki Minaj geschafft. Dobäi ass d'Single "Alone" entstanen, déi sech mol rëm eng Kéier un engem Eurodance-Hit aus dem Joer 1999 orientéiert. "Better Off Alone" gëtt et also hei an enger bësse méi moderner Versioun mat de Stëmme vun deenen zwou Sängerinnen. Den Hype vu Remaken an Eurodance wäert warscheinlech esou séier nach net ophalen.

Aussergewéinleches:

Eigentlech ass d'Kim Petras zu Köln am Joer 1994 op d'Welt komm. Fir seng musikalesch Karriär ze pushen huet d'Kim Petras awer entscheet op Los Angles ze plënneren. Am Alter vu 15 Joer huet hatt dunn ugefaangen och seng éischt eege Lidder ze schreiwen a séier huet hatt an der Branche Fouss gefaasst.

Fréier Hits:

D'Kim Petras huet am Joer 2018 säin éischten Album "Turn Off The Light" op de Marché bruecht gehat, deen him nawell eng Rei Dieren an der Museksbranche opgemaach huet. Aktuell ass d'Musekerin dann international an den Charts vertrueden an dat mat senger Kollaboratioun mam Sam Smith an der Single "Unholy" déi immens gutt ukomm ass.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Allie X, Shygirl, Chase Icon