
© Jamie McCarthy / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Haut stelle mer deen zweeten Track "Boat" vum Ed Sheeran sengem nächsten Album "Subtract" vir.
Fakten:
Den Ed Sheeran huet virun e puer Wochen säin neien Album "Substract" ugekënnegt gehat. A genee vun dësem Album huet de brittesche Sänger elo mat "Boat" déi zweet Single vun dësem erausbruecht. Duerch dës Single kann een sech dann och scho bëssen ulauschtere wéi den Album de 5. Mee wäert kléngen. De Song ass dann och bësse méi roueg vue dass et just eng akustesch Versioun ass. Am Song verschafft den Ed Sheeran dann och seng traumatesch Erliefnesser déi hien nom Dout vu sengem Kolleeg erlieft huet.
Aussergewéinleches:
Mat sengem leschten Album huet den Ed Sheeran mol rëm eng Kéier eng ganz Rei vu Rekorder opgestallt. An och seng Tournée war wierklech ganz extrem. A ronn engem Joer huet de Museker einfach mol 89 Concerte gespillt. Dovunner ware wierklech och Concerten dobäi mat iwwer 100.000 Leit wou hien da ganz eleng op der riseger Bün stoung. Fir den neien Album ass bis elo nach keng Tournée ugekënnegt, mee dat wäert och net méi ganz laang daueren.
Fréier Hits:
Den Ed Sheeran ass duerch Lidder wéi "Perfect", "Shape Of You" oder "Bad Habits" net méi aus der moderner Pop-Musek ewechzedenken. Seng Lidder dierften doduerch och zimmlech jidderengem op der Welt bekannt sinn, wat aus him ee richtege Superstar mécht.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Sam Smith, Shawn Mendes, James Arthur