
© AFP
De kanadesche Museker huet zesumme mam Future een neien Track op de Marché bruecht.
Fakten
De kanadesche Sänger Abel Tesfaye alias The Weeknd huet 2020 säi leschten Album "After Hours" released gehat. Elo ass hien zeréck mat enger neier Single, fir déi hien sech Ënnerstëtzung vum amerikanesche Rapper Future geholl huet. "Double Fantasy" heescht déi nei Single, déi dann och wäert Deel vun der HBO Serie "The Idol" wäert sinn. Am Museksvideo gesäit een niewent dem The Weeknd dann och nach d'Lily-Rose Depp, wat d'Haaptroll an der Serie wäert spillen.
Aussergewéinleches:
Gebuer an opgewuess ass The Weeknd als Fils vun ethiopeschen Immigranten am kanadeschen Toronto. Säi Papp huet d'Famill verlooss, wéi hien nach kléng war. Seng Mamm huet d'Famill missen eleng versuergen, si huet am Dag als Infirmière geschafft an nuets englesch Coursë geholl, Do blouf net vill Zäit fir d'Erzéiung vun hirem Bouf an dofir huet seng Groussmamm sech gréisstendeels em hie gekëmmert, Si war et och, déi de Jong mat der Musek vertraut gemaach huet, Am Haus Tesfaye gouf alles gelauschtert, vun Jazz, Pop iwwer Indie bis hin zu Klassik.
Fréier Hits
Zum The Weeknd senge groussen Hits gehéieren zu Sécherheet Lidder wéi "Save Your Tears" oder "Blinding Lights", déi de kanadesche Museker zu engem Welt-Star gemaach hunn.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Frank Ocean, Drake, Bruno Mars