Mat dëser Single huet d'Birdy schonn déi zweet Single vu sengem neien Album released deen de 14. Juli wäert erauskommen.

Fakten

D'Jasmine Lucilla Elizabeth Jennifer van den Bogaerde ass eng britesch Singer/Songwriterin mat hollännesch/belsche Wuerzelen. Hatt ass 1996 zu Lymington, Hampshire op d'Welt komm. Duerch seng Elteren (Auteur & Concertpianistin) ass d'Birdy scho fréi a Kontakt mat Konscht komm. Mat 7 Joer huet hatt vu senger Mamm geléiert, Piano ze spillen a scho mat 8 Joer huet et ugefaangen, eege Songs ze schreiwen. Elo ass hat zeréck mat senger neier Single "Heartbreaker" an der hat dovunner séngt dass eng Bezéiung bëssen un d'Wackele komm ass a wéi een sech da muss trauen dat ganzt op ze halen. Dës Single wäert dann och um Birdy sengem nächsten Album "Portraits" mat drop sinn, deen de14. Juli wäert op de Marché kommen.

Aussergewéinleches:

De Spëtznumm Birdy krut hatt vu sengen Elteren, well et als Bëbee de Mond ëmmer sou grouss opgemaach huet wéi en hongrege Villchen am Nascht, dee wéilt gefiddert ginn.

Fréier Hits

D'Birdy huet säin éischten Album "Birdy" am Joer 2011 mat 16 Joer erausbruecht. Op dësem war dann och direkt d'Hitsingle "Skinny Love" drop, mat der d'Musekerin och weltberüümt ginn ass. Awer och Lidder wéi "Not About Angels" an "People Help The People" gehéieren zu deene Lidder, déi op kengem Concert dierfe feelen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Emily Sandé Freya Ridings, Ella Henderson